Diddeleng, den 13.12.2007

Léif Memberen,

2007 huet d’LMI hiren 20ste Gebuertsdag gefeiert, e gudde Moment fir e Kapitel ofzeschléissen an en neit unzefänken.

Ech hu beschloss, no 19 Joer am Comité an der LMI, dovunner der 13 als Präsident, ze demissionéieren. Mat mir huet sech och de ganze Comité zeréckgezunn an ech si frou, Iech matzedeelen, dass et en neie Comité gëtt, deen d’LMI weiderféiert an doduerch och hir Memberschaft an der FEMA garantéiert.

Ech wëll vun der Geleeënheet profitéieren, fir e kuerze Réckbléck op déi 20 Joer ze werfen.

1987 ass d’LMI gegrënnt ginn, well eng drastesch Erhéijung vun de Motorradassuranceprimen an d’Haus stoung. Bei de verschiddene Problemer mat den Assurancen hat d’LMI schnell Erfolleg, si krut e Vertrieder an der Commission Consultative des Assurances zougestanen, a sämtlech Fuerderunge sinn ëmgesat ginn, ënner anerem d’Staffelung no Kw aplaz ccm, keng Bäitragserhéijung bei gläichzäiteger Matversécherung vum Sozius.

Beim Sozius gouf et nach e Problem, deen net am Aklang mat enger EU-Direktiv war, an nodeem d’Moto-Initiativ un de Jacques Delors geschriwwen hat, ass de Lëtzebuerger Stat opgefuerdert ginn, déi Direktiv ëmzesetzen, wat dunn och geschitt ass.

Well d’Versécherungen net derfir waren, méi Motorrieder op enger Police ze versécheren, sinn 1998 d’Versécherungsprimen ëm 45% erofgesat ginn, wann ee säi Moto d’ganzt Joer ugemellt léisst.

1999 ass op Virschlag vun der LMI d’Gesetz iwwert de Persounentransport an de Seidekärercher geännert ginn.

En anere Schwéierpunkt war vun Ufank un d’Stroossesécherheet, motorradonfrëndlech Leitplanken a rutscheg Markéierungen op der Strooss. D’LMI war déi éischt Organisatioun, déi hei am Land e Sécherheetstraining fir Motorrieder organiséiert huet.

Enn den 80er, Ufanks den 90er Joren huet d’LMI op eege Käschten déi éischt Leitplankeprotektoren zu Lëtzebuerg installéiert. Onzähleg Gespréicher si mat verschiddene Ministeren iwwert d’Jore gefouert ginn. Si haten ëmmer Verständnis fir eis, mä et ass nëmme lues weidergaangen an deem Dossier.

Den Duerchbroch ass schliisslech 2000 duerch en trauregen Ulass komm. Am Mee si fënnef Motorradfuerer ëm d’Liewe komm. Doropshin ass am Transportministär eng Aarbechtsgrupp geschafe ginn, an där d’LMI vertruede war. Dës Aarbechtsgrupp ass 2001 an déi National Verkéierskommissioun opgeholl ginn an huet 2004 den „avis sur la sécurité der deux-roues motorisés“ virgestallt, en Dokument, wat als Orientéierung fir déi ëffentlech Instanze dénge sollt.

An de Joren 2004-2005 sinn du vill geféierlech Leiplanke matt engem Blech equipéiert ginn, deen de Motorradfuerer am Fall vun engem Stuerz virum Kontakt mat deene geféierleche Poteaue schützt.

2001 huet d’LMI hir Campagne „Biker friendly driver“ virgestallt, eng Campagne, déi als Zil hat, d’Zesummeliewe vun Auto- a Motorradfuerer am Stroosseverkéier ze verbesseren.

Datselwescht Zil huet och den Nationalen Dag vum Moto, deen d’LMI all zwee Joer zu Diddeleng organiséiert.

1988 war d’LMI Grënnungsmember vun der FEM, der haiteger FEMA, déi sech zu enger unerkanntener Motorradfuererlobby entwéckelt huet. Si huet hire Sëtz zu Bréissel, beschäftegt mëttlerweil véier Persounen haaptberufflech an huet Beroderstatus bei der EU an de Vereenten Natiounen.

D’LMI war während Joren net nëmmen als national Organisatioun Member bei der FEMA, mä si war och an den Exekutivcomité gewielt ginn.

Haut sinn 23 verschidden Organisatioune Member bei der FEMA a si vertrëtt 450.000 Motorradfuerer an Europa.

Si huet grouss Demonstratiounen zu Stroossbuerg, Bréissel, Paräis a Bonn organiséiert a luet all Joer d’Membere vum EU-Parlament zu engem Tour um Moto an.

Si huet scho verschidde Projete fir d’Europäesch Kommissioun realiséiert an huet vill Erfolleger ze verzeechnen, wann et ëm d’Verhënnere vu Misär an den EU-Direktive geet, ewéi z.B. d’Multidirektiv, déi ganz gekippt ginn ass,
si huet verhënnert, datt sämtlech Motorrieder mat Beenprotektoren ausgerüst sollte ginn,
dass de Motorradfuerer virgeschriwwe Schutzkleedung undoe muss,
dass Motorrieder op 100 PS limitéiert ginn,
si huet z.B. erreecht ,
dass d’Motorrieder aus der Verschrottungsdirektiv ausgeklamert gi sinn,
dass d’Pneue fräi gewielt kënne ginn, a.s.w.

Dir gesitt, et huet sech nawell eppes ugesammelt iwwert déi 20 Joer.

Ech soen Iech perséinlech an am Numm vum Comité Merci fir d’Ënnerstëtzung während där laanger Zäit a géif mech freeën, wann Dir déi nei Leit och géift esou gutt ënnerstëtzen.

 

 

Mat frëndleche Gréiss,
René Hilbert